Bech - Berbuerger huet aktuell 65 Musikanten an hiren Reien setzen. Vun deenen ass och den Wonsch ausgaangen,
um BECHTIVAL 2020 den Opening selwer däerfen ze spillen. Dat maachen mir dann och, awer net mat engem normalen Concert.
Mee mir passen eis dann och dem Style vun den Banden unn , déi di Deeg no eis optrieden.
BBM wäert Iech do ënnerenanem Wierker vun Led Zeppelin, TOTO, Bon Jovi, Robbie Williams, Adele asw. spillen.
Ënnerstëtzung op dem Owend kréien mir am Gesang vum THIERRY MERSCH an FRANZI PALUCH, si hunn och
schonn 2019 op eisem Concert matgewierkt. An well dat sou en mega Optrëtt war,
schaffen mir dann dëst Joer nach eng kéier zesummen.
Fir den rockegen Sound suergt dann den TOM EIFFES op der E-Gittar an den DAN THURMES um E-Bass.
Mir freeën eis elo schonn op den 09. Juli, an hoffen datt dir eis zu ganz vill lauschteren kommt.
Den Thierry Mersch ass Schoulmeeschter, Sänger, Schauspiller a Model. E gouf beim Karaoke entdeckt
an huet et souguer bis an Hollywood geschafft. Mat sengem Song «Gimme More» huet en bei den «World
Champoinships of performing Arts” eng Bronzemedaile gewonnen.
Mat sengen Schüler hëlt en Benefice-CDen op. Hien trëtt als Schauspiller an Rock-Operen a Musicals
op. Donieft baut en sech nach eng, souguer erfollegräich Karriäre als Sänger a Model op.
2011 huet en et suguer bis an d’Finale vum « Wold Championships of Performing Arts” geschafft.
An der Kategorie «Senior, Vocals» huet en sech d’Goldmedaile fir seng Performance vun «You raise
me up» geholl. Zousätzlech krut en nach dréi Sëlwermedailen an eng Bronzemedaile fir seng Single «Gimme more».
A senger Jugend huet en Saxophon- a Pianoskuere geholl. Spéider huet en eng klassesch Gesangsausbildung genoss.
Seid 2002 hëlt en mat sengen Schüler CDen fir Kanner-Hëllefsprojeten op. 2014 krut en eng Offer fir um Eurovision
Song Contest deel ze huelen.
Niewebäi huet den Thierry virun méi als zwee Joer seng Léift zum Sport entdeckt an gouf scho gefrot
bei enger grousser TV Show am däitschen Fernsee als Extremsportler matzewierken.
2018 huet en schlussendlech säint drëtt Album «Don’t dream it, do it» verëffentlecht.
Dësen Album ass säin Tagebuch an den Numm ass säin neit Liewensmotto.
D’Franzi Paluch ass an Göttingen gebuer an opgewuess.
Mat 13 Joer huet hat ugefaangen op Schoulveranstaltungen ze sangen.
Zur gläicher Zäit huet seng Mamm et a Gesangskuere geschéckt.
Kuerz duerno ass d’Franzi Member vun enger Band ginn, mat der et zu Göttingen optrëtt.
Mat 19 huet d’Franzi säin Abitur gemaach an huet eng Ausbildung bei der Police ugefaangen.
2012, wei et dunn fäerdeg mat der Ausbildung war, gouf et no Hammeln versat, wou et haut nach lieft.
Op deem Zäitpunkt misst et leider d’Sangen op Eis leen, well et weder d’Zäit, nach d’Méiglechkeet dofir hat.
2017 hat d’Franzi den Thierry kennen geléiert. Den Thierry huet et nees motivéiert ze sangen an
huet d’Franzi och gefrot ob et net bei him als Backgroundsängerin matmaachen well.
Sou huet hat schonn e puer Optrëtter mam Thierry hannert sech. Dozou zielt och den Fréijaarskonzert vum der BBM am Joer 2019.