Den 2. Dag vum Bechtival fänkt mat enger Afterwork Party mam DJ Maji um 18 Auer un.
Domat kënnt Dir Ären Aarbechtsdag ofschléissen an schonn an d'Stëmmung kommen fir ze feieren.
Uschléissend begleet Iech den Fernand Neumann mat e bësschen Lounge Musek duerch den Owend.
FASCINATION ass eng vun den bekanntsten Coverbanden aus den 80er Joren.
Si feieren 2020, 40 Joer Bünepresenz an starten dofir eng Tour mat enger Hand voll Concerten.
Mir sinn frou däerfen matzedeelen, dass FASCINATION Freides, den 10. Juli 2020, een vun deenen Optrëtter bei eis um BECHTIVAL wäerten zum Beschten ginn.
Et wäert en spektakulären Owend ginn, an mir freeën eis schonn op